Quantcast
Channel: Diskussionen um Blog – Infolux – Fuerschungsportal iwwert d'Lëtzebuergescht
Viewing all articles
Browse latest Browse all 35

Saturn: SOU! muss Lëtzebuergesch…oder net?

$
0
0

De Multimedia-Shop Saturn, an Däitschland bekannt fir seng offensiv Werbung, huet och zu Lëtzebuerg zwee Butteker: een zu Belval Plaza an een an der Stad.

Am grousse Ganzen ass alles op Franséisch gehalen (Site, Produktbeschreiwungen, Concoursen, de Katalog, asw.), e puer Schëlder am Buttek selwer sinn awer och deels op Däitsch. Mee säit ongeféier engem Joer zéien se mat lëtzebuergesche Sloganen no… oder op d’mannst mat Aussoen, déi lëtzebuergesch schéngen. Et geet elo net drëm, dass mer de Fanger hiewen, wann een emol en <n> ze vill oder ze mann gesat huet…

Vrun allem an hire Promoen op der Facebooksäit fënnt ee ganz spannend Saachen.

  • Bei Persounennimm gëtt den Artikel ausgelooss: „Fir Technik-Froen Tech-Nic froen“, „Tech Nic bréngt den Summer“
  • Et fléissen däitsch Wierder a komesch Wuertbildungen an: „Tabletten, Laptops und Bureaus Informatik“, „Tech-Nic fir Valentin’s Dog“, „Wann ärt Herz och für Technik schleit“
  • Et gi ganz nei Wierder gebilt: „ongleeflech Biller“, „Aller hep ran an den Goal“, “Är Mamm brauch och en neien Schnatt“
  • Et gi falsch Wierder geholl: „Haalt ier Erënnerungen fest“, „Sprangt an Ambiance vum Stadium“ (wuel éischter vum Stadion…)
  • Et gëtt de falschen Artikel gesat: „den Bescht hir heem“, „eng techneschen Schoulufank“, „fir de Sportsleit“, „de Saison fänkt un“
  • Et gëtt guer keen Artikel gesat: „Solden sinn do“, „Um Wee fir an Vakanz“
  • De Sujet an den Artikel ginn ausgelooss: „Ass Bomm vun den Solden“, „Der dreemt net, sinn einfach Solden“
  • Et gi keng Endunge gesat: „mat verréckt Präisser“
  • Allgemeng Tippfeeler: „vun der Weltmeeschterschaf“, „firun der Dier“, „fir zewiesselen“, „Acessoiren“, „technech“, „na nie gesinn“

An zum Schluss nach d’Kiischt um Kuch:

Saturn_Lux

D’Fro ass just, ob ee sech als Lëtzebuerger elo iergert, well alles voller Feeler ass, oder ob ee frou doriwwer ass, dass se sech Méi ginn, lëtzebuergesch Sloganen z’integréieren (och wann d’Kompetenz do net esou grouss ass…).

An elo nach e klenge Quiz zum Schluss: Hutt dir eng Iddi, vu wou dee kënnt, deen déi Sloganen hei schreift? Eng gewësse Lëtzebuergeschkompetenz schéngt jo iergendwéi do ze sinn, ebe mat e puer méi oder manner staarke Mängel. Et ass op alle Fall net de Google-Translate, well do gëtt et kee Lëtzebuergesch…


Viewing all articles
Browse latest Browse all 35