“*D’Béier sprengt d’Budget fir dëst Buffet”/“*Der Bier sprengt den Budget für diesen Buffet”.
Amaru Flores Flores, François Conrad – Universitéit Lëtzebuerg
Der Bier? D’Buffet?
Et géif ee wuel grouss Ouere maachen, wann een en Däitsche géing vun „der Bier“, „der System“ oder „der Highlight“ schwätzen héieren. Emgedréint dierft eng däitsch Persoun, déi Lëtzebuergesch léiert, net schlecht staunen, wann si bäibruecht kritt, et wier “de Pabeier”, “den Ticket”, “den Dossier” oder “de Parfum”. Strukturell sinn sech d‘Lëtzebuergescht an dat Däitscht – aus der laangjäreger gemeinsamer sproochlecher Vergaangenheet eraus – a viller Hinsicht och haut nach immens no (vgl. François Conrad: „Luxemburgisch: Eine strukturell-linguistische Annäherung“ am Forum 314, S. 49-51). Den Amaru Flores Flores an de François Conrad, Doktoranten an der lëtzebuergescher Linguistik un der Uni Lëtzebuerg, sinn an engem Virtrag am „Colloque vum Labo fir Lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ den 18. Dezember 2012 allerdéngs den Ennerscheeder tëscht deenen zwou Sproochen, an zwar am Beräich vum Genus, nogaangen. De Genus oder d’Geschlecht vun de Substantiver (männlech, sächlech, weiblech) gehéiert fest zu den Déngwierder dozou a gëtt an der Mammesprooch automatesch matgeléiert. Dëse Beräich, dee wéi sou vill anerer am Lëtzebuergeschen nach sou gutt ewéi net beschafft ass (kuckt awer de Blog-Artikel vum Peter Gilles iwwert de Genus vun de lëtzebuergeschen Autosnimm), weist eng Partie Differenzen tëscht den zwou Nopeschsproochen op, déi mir versicht hunn, méi systematesch ze erfaassen an eventuell Regelen a méiglech Erklärungen ze fannen. Den Usproch ass dobäi net gewierscht, eng déifgrënneg komparatistesch Etude ze liwweren. Et soll heimat villméi en Ufank a wéi bei sou villen Themen zur lëtzebuergescher Sproochwëssenschaft „Appetit“ op méi gemaach ginn. Eng vun de Haaptschlussfolgerungen ass dobäi déi, datt dat Däitscht bei Internationalismen a Friemwierder tendenziell dat sächlecht Geschlecht wielt (das Genus), d’Lëtzebuergescht awer dat männlecht Geschlecht (de Genus).
Sammelen a regruppéieren
Fir Ennerscheeder am Genus tëscht den zwou Sproochen ze fannen, gouf fir d’éischt no Wierder gesicht, déi Differenzen opweisen. Heifir goufen eng sëlleche lëtzebuergesch, däitsch an och franséisch Dictionnairen duerchsicht (haaptsächlech LOD, Luxdico, LWB an aner al Dictionnairen, dict.leo.org, Larousse, Duden, Kluge, Lexer). Déi Wierder, déi esou fonnt goufen, goufen a verschidde Gruppe regruppéiert, déi hei ënnendrënner opgezielt ginn. Vu datt dat Lëtzebuergescht a praktesch alle linguistesche Beräicher ëmmer am Spannungsverhältnes tëscht deenen zwee groussen Noperen (Däitsch a Franséisch) ze gesinn ass, gi fir all Beispiller souwuel déi däitsch wéi och déi franséisch Entspriechunge gewisen (virausgesat, déi Wierder fannen sech och an deene Sproochen).
Fir eis Lëschte gëllt dobäi: D’Nennung vum Genus riicht sech no den Dictionnairen (eventuell Varianten, déi net an den Dictionnairë stinn oder dem François Conrad als Mammesproochler agefall sinn, kënnen dohir leider net berücksichtegt ginn). A Fäll, wou Varianten optrieden (wéi bei den/d’Email, also männlech a weiblech), ginn dës eenzel genannt. Et gëtt ëmmer dee bestëmmten Artikel uginn (den/d‘; le/la; der/die/das) an d’Bezeechnung vum d’Geschlecht steet och nach eemol hannert dem Substantiv.
Fir d’Ofkierzunge gëllt: w. = weiblech, m. = männlech, s. = sächlech; Nhd = Standardneihéichdäitsch (vereinfacht „Däitsch“), Frans. = Franséisch, Lëtz. = Lëtzebuergesch.
Lëtz. Genus = Frans. Genus = Nhd. Genus
Friemwierder op –(t)ion/-(t)ioun si souwuel am Lëtzebuergeschen, wéi am Däitschen an am Franséischen ëmmer weiblech.
Franséisch |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
la nation, w. |
d’Natioun, w. |
die Nation, w. |
la portion, w. |
d’Portioun, w. |
die Portion, w. |
l’information, w. |
d’Informatioun, w. |
die Information, w. |
l’option, w. |
d’Optioun, w. |
die Option, w. |
Vu datt d’Endung –(t)ioun/-(t)ion a béiden Zilsproochen a sëllechen Entléinunge virkënnt, huet sech de weibleche Genus fest mat hir verbonnen (sou genannte Reibildung). Sou eng Kopplung vun enger Endung mat engem bestëmmte Genus ass net selten a kënnt och am native Wuertschatz vir. Sou hunn am Lëtzebuergesche wéi am Däitschen och Wuertbildungen op -ong/-ung oder –keet/-keit ëmmer dee weibleche Genus:
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
d’Entscheedung, w. |
die Entscheidung, w. |
d’Erwaardung, w. |
die Erwartung, w. |
d’Sécherheet, w. |
die Sicherheit, w. |
d’Middegkeet, w. |
die Müdigkeit, w. |
Lëtz. Genus = Frans. Genus ≠ Nhd. Genus (I)
Entléinungen aus dem Franséischen, déi net sou eng reiebildend Endung hunn, verhalen sech am Lëtzebuergeschen an am Däitschen awer ënnerscheedlech. Am Lëtzebuergeschen iwwerhuelen se de Genus vum Franséischen. Am Däitsche fënnt sech hei an der Regel e sächleche Genus (nieft enger Rei Wierder, déi de franséische Genus bäibehalen, z.B. Boulevard oder Allee).
Franséisch |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
le budget, m. |
de Budget, m. |
das Budget, s. |
concert, m. |
Concert, m. |
das Konzert, s |
dossier, m. |
Dossier m. |
das Dossier, s |
téléphone, m. |
Tëlefon, m. |
das Telefon, s |
parfum, m. |
Parfum, m. |
das Parfüm/Parfum, s |
rendez-vous, m. |
Rendez-vous, m. |
das Rendez-vous, s. |
baguette, w. |
Baguette, w. |
das Baguette, s. |
Dëst gëllt och fir Wierder, déi keng direkt däitsch Entspriechung hunn:
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
la poubelle, w. |
d’Poubelle, w. |
/ |
le chagrin, m. |
de Chagrin,m. |
/ |
l’accident,m. |
den Accident, m. |
/ |
Lëtz. Genus = Frans. Genus ≠ Nhd. Genus (II)
Och bei Entléinungen aus anere romanesche Sproochen hält d’Lëtzebuergescht wéi d’Franséischt d’Geschlecht bäi. Dat Däitscht wielt och hei an der Regel dat sächlecht Geschlecht:
Quell |
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
it. Konto, m. |
de Konto, m. |
de Konto, m. |
das Konto, s. |
lat. fenestra, w. |
la fenêtre, w. |
d’Fënster, w. |
das Fenster, s. |
it. violoncello, m. |
le violoncelle, m. |
den Cello, m. |
das Cello, m. |
it. Porto, m. |
le port, m. |
de Porto, m. |
das Porto, m. |
Lëtz. Genus = Frans. Genus ≠ Nhd. Genus (III)
Bei engleschen Entléinunge wielen d’Lëtzebuergescht an d’Franséischt dat männlech, dat Däitscht op en Neits dat sächlecht Geschlecht. Erstaunlech heibäi ass, datt et am Engleschen (ausser bei de Personalpronomen) kee Geschlecht gëtt. Anescht wéi z.B. bei Cello huet am Lëtzebuergeschen hei also keng Iwwernahm vum männleche Geschlecht aus der Quellsprooch stattfonnt, mee et weist sech eng generell Tendenz, Friemwierder am Lëtzebuergeschen als männlech unzegesinn. Dës Tendenz kéint duerch franséischen Afloss entstane sinn: Am Franséische gëtt et keen Neutrum, sou datt Friemwierder, déi an der Ursprongssprooch (z.B. Englesch) neutral sinn, bei der Entléinung dem Genus-System ugepasst musse ginn – den Neutrum gëtt zum Maskulin. Am Lëtzebuergeschen, dat ee System mat dräi Geschlechter huet, besteet dës Noutwennegkeet eigentlech net. Déi franséisch noutwendeg Regel huet sech am Lëtzebuergesche generaliséiert.
Englesch |
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch m. |
Däitsch s. |
internet |
l’internet, m. |
den Internet, m. |
das Internet, s. |
meeting |
le meeting, m. |
de Meeting, m. |
das Meeting, s. |
t-shirt |
le t-shirt, m. |
den T-Shirt, m. |
das T-Shirt, s. |
piercing |
le piercing, m. |
de Piercing, m. |
das Piercing, s. |
Am Däitsche fanne sech hei bei enger Rei Wierder awer och Dubletten, also 2 méiglech Formen. Hei ass nach ze klären, firwat dës Wierder sech anescht wéi déi aner verhalen. Méiglecherweis spillt hei d’Bedeitung vun de Wierder (Semantik) eng Roll: Et handelt sech ëm Wierder, déi als agentativ bezeechent kënne ginn. Dorënner ginn déi Wierder verstanen, déi kee reng passive Géigestand bezeechnen, mee Géigestänn, déi och selwer „eppes maache“ kënnen. Méi abstrakt Begrëffer wéi Meeting kënnen ni agentativ sinn an och en Objet wéi en T-Shirt ass schwéier an enger aktiver Roll virstellbar. Anerersäits sinn technesch Apparater wéi en Ipad däitlech agentativ, schliisslech kënne si als nëtzlech Hëllef aktiv an eisen Alldag agräifen.
Englesch |
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
Ipad, m. |
l’Ipad, m. |
den Ipad, m. |
das/der Ipad, s./m. |
shuttle, m. |
le shuttle, m. |
de Shuttle, m. |
das/der Shuttle, s./m. |
poster, m. |
le poster, m. |
de Pouster, m. |
das/der Poster, s./m. |
De gläiche Géigesaz Lëtzebuergesch männlech vs. Däitsch sächlech (resp. mat männlecher Nieweform) gëllt och bei englesche Wierder, déi am Franséischen net gebräichlech sinn. Hei weist sech, dass d’Präferenz fir dat männlech Geschlecht am Lëtzebuergeschen net mat all eenzelnem Wuert aus dem Franséischen iwwerholl gëtt, mee et ka wéi uewe beschriwwe vun enger (duerchaus duerch franséischen Afloss entstanener) lëtzebuergescher Regel geschwat ginn.
Englesch |
Franséisch |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
highlight |
/ |
den Highlight, m. |
das Highlight, s. |
mobbing |
/ |
de Mobbing, m. |
das Mobbing, s. |
E puer Wierder decken sech awer och am Geschlecht am Lëtzebuergeschen an am Däitschen. Och hei handelt et sech ëm Wierder, déi als agentativ bezeechent ginn a männleche Genus weisen. Besonnesch däitlech gëtt dëst bei MP3-Player: Player ka souwuel op Apparater, wéi op Persoune bezu ginn, a Persoune sinn (wéi an der Regel och Déieren) generell agentativ.
Englesch |
Franséisch |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
MP3-Player |
/ |
den MP3-Player, m. |
der MP3-Player, m. |
Computer |
/ |
de Computer, m. |
der Computer, m. |
Lëtz. Genus (= Frans. Genus) ≠ Nhd. Genus
E puer lëtzebuergesch Wierder weisen trotz hirem germaneschen Ursprong de selwechte Genus wéi am Franséischen. Et bleift ze klären, ob de Genus dem franséischen ugepasst gouf oder eng historesch-dialektal Variant zum haitegen héichdäitsche Genus duerstellt.
Franséisch |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
le genou, m. |
de Knéi, m. |
das Knie, s. |
la goutte, w. |
d’Drëps, w. |
der Tropfen, m. |
Fazit: All déi bis elo genannte Fäll weise bis op e puer Dubletten am Däitsche weider keng Probleemer op a gëllen als plus ou moins regelméisseg. Donieft gëtt et awer aner Gruppe vu Substantiver, déi aus ënnerscheedleche Grënn méi problematesch sinn. Dës Gruppe ginn elo opgezielt.
Dubletten am Lëtzebuergeschen
Wéi ugeschwat weisen eng Rei Wierder och am Genus Dubletten. Et handelt sech dobäi an der Regel ëm Wierder, déi et souwuel am Däitsche wéi am Franséische gëtt an déi do en ënnerscheedlecht Geschlecht weisen. Am Lëtzebuergesche sinn hei béid Forme méiglech:
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
DVD, CD, m. |
DVD, CD, m./w. |
DVD, CD, w. |
e-mail, m. |
E-Mail, m./w. |
Email, w. (regional och s.) |
curry, m. |
Curry m./w. |
Curry, s. |
bar, m. |
Bar m./w. |
Bar, w. |
asyle, m. |
Asyl m./w. |
Asyl, s. |
adverbe, m. |
Adverb m./s. |
Adverb, s. |
univers, m. |
Universum m./s. |
Universum, s. |
principe, m. |
Prinzip m./s. |
Prinzip, s. |
-(e)ment
Bei Entléinungen op -(e)ment spillt d’Aussprooch eng gréisser Roll. Dës bestëmmt an der Regel och d’Geschlecht: Eng franséisch Aussprooch, phonetesch [-mã], huet och d’Geschlecht wéi am Franséischen, eng däitsch Aussprooch, phonetesch [-mӕnt], d’Geschlecht wéi am Däitschen.
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
mouvement, m. |
Mouvement, m. |
/ |
amendement, m. |
Amendement, m. [-mã]/s. [-mӕnt] |
/ |
rendement, m. |
Rendement, m. |
/ |
instrument, m. |
Instrument, s. |
Instrument, s. |
monument, m. |
Monument, s. |
Monument, s. |
argument, m. |
Argument, s. |
Argument, s. |
D’Wierder op –ement verhalen sech awer anescht. Dës ginn an der Regel [mӕnt] ausgeschwat a kënnen dobäi trotzdem souwuel männlech, wéi och sächlech sinn. Och si stellen also Dubletten duer.
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
établissement, m. |
Etablissement, m./s. |
Etablissement, s. |
classement, m. |
Classement, m./s. |
Klassement, s. |
département, m. |
Departement, m./s. |
Departement, s. |
changement, m. |
Changement, m./s. |
/ |
Lëtz. Genus = Nhd. Genus ≠ Frans. Genus
Donieft fanne sech awer och eng Rei Wierder, déi sech am Genus nom Däitsche riichten an net nom Franséischen, ënnert anerem e puer wëssenschaftlech Begrëffer. Grad bei dëse Wierder wier et interessant ze kucken, iwwert wéiee Wee si an d’Lëtzebuergescht komm sinn. De Genus kéint hei déi richteg Piste weisen.
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
alphabet, m. |
Alphabet, s. |
Alphabet, s. |
organe, m. |
Organ, s. |
Organ, s. |
gaz, m. |
Gas, s. |
Gas, s. |
canon, m. |
Kanoun, w. |
Kanone, w. |
Lëtz. Genus ≠ Nhd. Genus ≠ Frans. Genus
Schliisslech gëtt et e puer Wierder, déi sech souwuel vum Däitschen, wéi vum Franséischen am Genus ënnerscheeden. Et ass net einfach ze erklären, wéi dës Ennerscheeder entstane sinn. Dat männlecht Geschlecht beim Béier (de Béier) kéint awer eventuell vum Begrëff Humpe kommen, deen och männlech ass. Also en Humpe Béier > e Béier. D’Geschlecht gouf sou vum Gefäß op den Inhalt iwwerdroen (vgl. eng Béier, wann een eng Fläsch Béier bestellt).
Franséisch m. |
Lëtzebuergesch |
Däitsch |
automobile, w. |
Auto, m. |
Auto, s. |
benzine, w. |
Bensin, m. |
Benzin, s. |
porcelaine, w. |
Porzeläin, m./ s. |
Porzellan, s. |
bière, w. |
Béier, m. |
Bier, s. |
(ruisseau, m.) |
Baach, w. |
Bach, m. |
(lunettes, w.) |
Brëll, m. |
Brille, w. |
Zesummefaassung
Am Lëtzebuergesche ginn et an enger Partie Fäll also Ennerscheeder am Genus mol zum Däitschen, mol zum Franséischen, mol zu den zwou Nopeschsproochen. Dobäi loossen sech e puer Tendenze feststellen, déi awer nach méi genee beschriwwen a verifizéiert musse ginn. Bei Entléinungen aus dem Franséischen gëtt de Genus an der Regel mat iwwerholl. Vu datt d’Franséischt keen Neutrum huet, ass dobäi de Maskulin ganz heefeg. Méiglecherweis iwwert dëse Wee huet sech de Maskulin am Lëtzebuergeschen allgemeng zum Standard bei Entléinungen a Friemwierder entwéckelt (vgl. nei englesch Wierder wéi Computer). Hei ënnerscheet sech d’Lëtzebuergesch vum Däitschen, wou den Neutrum de Standard ass. De grousse Sproochkontakt mam Franséische kéint hei als Grond fir dësen Ennerscheed ugesi ginn. Déi heefeg Dublette weisen awer déi grouss Bedeitung vu béiden Nopeschsproochen, déi sech och an deene meeschten anere sproochleche Beräicher (Lexikon, Grammaire, Aussprooch, Syntax, Phraseologie, …) weist. Et bleift intresséierte Fuerscherinnen a Fuerscher iwwerlooss, déi uewe genannten Tendenzen a méi präzis Regelen ze faassen. Virun allem d’Hierkonft vun de Wierder an de geneeë Wee vun hirer Entléinung souwéi e Bléck op déi eenzel Wuert- a Wierderklassen dierften hei d’Wëssen iwwert de Genus am Lëtzebuergesche verfeineren. Avis aux amateurs!