(Dësen Text gouf mam selwechten Titel d’éischt publizéiert an der Zäitschrëft FORUM, Nr. 328, Abrëll 2013; do feelen allerdéngs d’Foussnotten, déi an där heite Versioun drastinn.)
Am Kader vu menger Dokteraarbecht zu Aussproochvarianten am Lëtzebuergeschen un der Uni Lëtzebuerg hunn ech am Hierscht 2012 een Opruff an der Press gemaach fir Fräiwëlleger ze fannen. Iwwerrascht huet mech bei e puer Reaktiounen den Tounfall an dat, wat tëscht den Zeile matgeschwongen ass. Et schéngt, wéi wann ee bei der Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen net ëm Astellungen zur Sprooch(e)situatioun am Grand-Duché erëmkéim.
De Kontext: Fräiwëlleger fir eng Dokteraarbecht iwwert d’Lëtzebuergescht
Fir meng Dokteraarbecht iwwert den Afloss vum Franséischen a vum Däitschen op d’Aussprooch vum Lëtzebuergeschen hunn ech lëtzebuergesch Mammesproochler aus de Gemengen Déifferdeng a Suessem an aus dem Uelzechtdall gesicht. Aus methodologesche Grënn gouf sech op dës zwou Regiounen beschränkt (présuméiert méi grousse romaneschen Afloss am Süden, manner Afloss vun den Nopeschsproochen am Zentrum).[i] Iwwert d’Pressestell vun der Uni Lëtzebuerg gouf e Pressecommuniqué an dräi Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) un d’Medie geschéckt, déi den Opruff an der Sprooch vun hirem Choix och praktesch all gedrockt hunn (de geneeë Wuertlaut fannt Dir S. 64).[ii] Fir mech d’Chance an d’Hoffnung, mat geréngem Opwand vill Leit ze erreechen.
Lëtzebuergesch sells
Iwwerrascht war ech dann trotzdeem iwwert déi grouss Zuel vu Leit, déi sech op mäin Opruff gemellt hunn. Em déi 200 Persounen hu mech am Laf vun zwou Wochen tëlefonesch oder per Email kontaktéiert a wollte matmaachen.
Intressant dobäi, datt e gudden Drëttel vun dëse Leit fir meng Fuerschung iwwerhaapt net a Fro komm sinn, v.a. well si guer net an deene betraffene Regioune wunnen. Aussoen ewéi „ech fannen et schued, dat de Sproochraum begrenzt ass; ech hätt soss all d’Kritären erföllt“; „Dat waer interessant gewiecht matzemaachen, mée ech wunnen ann der Gemeng Diddeleng… Ech wenschen Iech awer vill succès…“ oder „Wollt mech awer trotzdem mellen, wann Dir villäicht net genuch Probanden zesummen kritt, dann wär ech villäicht ,besser wei näischt‘“ weisen awer, datt den Intressi un der lëtzebuergescher Sprooch an der Gesellschaft an d’Loscht, d’Erfuerschung dovun ze ënnerstëtze grouss sinn.[iii]
Och Messagen ewéi „Et giff mech fräier [sic] bei dëser Etude mat ze maachen, well den Interessi un eiser Mammesprooch mir wichteg ass“ oder „Et geet em eis sproch, vu que das dei emmer mei of helt, intresseiert dat mech wat der do macht“ waren dobäi, déi dorop hindeiten, datt et ville Lëtzebuerger wichteg ass, datt sech ëm hir Sprooch „gekëmmert“ gëtt.
Insgesamt am Fong eng Situatioun, déi Linguisten an anere Länner jalous géif maachen: Bei der Sich no engem ganz spezifesche SpriecherInnegrupp geet ee Pressecommuniqué duer fir méi Ufroen ze hunn, wéi een der brauch. Net ëmmer d’Regel bei esou Etuden a fir mech natierlech ideal, well ech op d’Sproochdaten, déi ech bei dëse SpriecherInne sammele konnt, ugewise sinn.
Nach manner wéi mat der Quantitéit u Leit hat ech mat der anerer Säit vun der Medail gerechent. Eng Säit, déi mech am Ufank irritéiert huet, iwwer déi ech schlussendlech awer frou sinn, well se mir verschidde Facettë vum Discours iwwer déi Lëtzebuerger Sprooch gewisen huet, déi mir an där Dimensioun nach net bewosst waren. Weider Beispiller aus de Mailer solle weisen, datt esou een Opruff och ganz aner Reaktioune kann ervirbréngen.[iv]
Schéinen Dag nach, Nuecht Lëtzebuerg
„Gudden Mëtteg,
ech wollt mech och mellen, muss mer awer Froen stellen, wëll der jo nëmme Leit sicht aus de Geméngen Miersch, Lëntgen, Luerentzweiler, Stéesel, Walfer an aus de Geméngen Déifferdeng an Suessem, waat daat do soll.
Sinn di Aaaner all kéng, oder?
Ech fille mech ëmmer mëi a méngem Land diskriminëiert!!
Schéinen Dag nach, Nuecht Lëtzebuerg“Déi meescht Leit, déi sech op dës oder änlech Aart a Weis beschwéiert hunn, si mat mengem Choix vun de Regiounen net averstanen. Ech kann natierlech verstoen, datt Leit sech alt esou Froe stellen (déi ech, wéi bei dësem Här, duerch eng kleng Erklärung zu menger Methodologie och einfach beäntwere kann).[v] Mee et liest een tëscht den Zeilen, datt hei net just d’Enttäuschung an/oder d’Erstaunen doriwwer schwätzt, datt aner Regiounen net berücksechtegt goufen. Vun Diskriminéierung ze schwätzen souwéi Formulatiounen ewéi „sinn di Aaaner all kéng, oder?“ an d’Abschiedsformule deiten drop hin, datt hei méi lassgetrëppelt gouf, wéi just d’Fro: „Wëll/Kann ech do matmaachen, oder net?“.
„nëmmen nei Dommheeten iwwer d’Letzebuerger an hiert Land“
„Moiën,Typisch ,Letzebueger‘, dou gëtt eng Dokteraarbicht iwwert d’Lëtzebuerger Sproch gemeet, just nëmmen mat Leit aus dem Zentrum an aus dem Minett! Soss am Land (am Westen, am Norden an am Osten wunnen jo nëmmen Ausländer? oder?? – oder geet et just ëm déi ,Agewewandert Lëtzebuerger‘ da musst der Iech méi däitlich a genee ausdrécken. A wat schwätzen se dann zu ,Differdange‘ – dat heescht Diffedingen op däitsch – Déifferdang oder Déifferdeng op lëtzebuergesch! an zu ,Sanem‘ dat heescht Sassenheim op däitsch – Suessem op lëtzebuergesch! Ech an Äerer Plaz géif mol d’Uerschaftsnimm nit esou vernennen! Dat ka mer jo eng komisch/falsch Dokteraarbicht/Fuerschungsaarbicht ginn. Eng wourop, no enger eventueller Presentatioun nëmmen nei Dommheeten iwwer d’Letzebuerger an hiert Land an de Raum gesaat ginn!“
Och dës Madamm huet – zum Deel berechtegt! –Kritik u mengem Opruff. Effektiv hat ech mech an der däitscher Versioun verdunn an zwou Uertschaften (Suessem an Déifferdeng) op Franséisch geschriwwen, amplaz se an der däitscher Form (Sassenheim, Differdingen) ze bréngen. Och si monéiert donieft de Choix vun de Regiounen allgemeng. Dee leschte Passage weist, datt si offensichtlech net zefridden domat ass, wéi et ëm d’Fuerschung zum Lëtzebuergeschen (an allgemeng ëm de Status vun an den Emgang mat der Lëtzebuerger Sprooch?) steet. Do wëll wuel eng Partie eraus a gesot ginn.
„Wat soll dat?“
„Wat soll dat?
,Laboratoire de Linguistique et de Littératures luxembourgeoises‘
Wéi heescht dat op Letzebuergesch?“
Méi laang war dëse Message net. Den Auteur huet sech driwwer opgereecht, datt ech de Laboratoire beim franséischen Numm nennen, souguer am däitschen an am lëtzebuergesche Communiqué. Ech hat mir weider keng Gedanke gemaach, wou ech dëse Choix fir den Opruff getraff hunn. Hätt ech kënnen, effektiv. An ech hätt duerchaus och kënnen déi lëtzebuegesch Form wielen („Laboratoire fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“), grad am lëtzebuergeschen Text hätt dat vläit besser gepasst. Mee den Tounfall an d’Kierzt vum Text hu mech dann trotzdeem iwwerascht. Grad wann et eng vun den éischte Reaktiounen op den Opruff ass, gëtt een als jonke Fuerscher onsécher, ob dat déi richteg Approche war an et freet ee sech, wat nach alles op een duerkomme sollt.
No engem kuerzen Email-Austausch, deen déi ganz Saach net wierklech méi einfach gemaach hunn, huet den Här mat de Wierder: „Ech passen net an äre Profil […] Et fänkt schon domatter un, dass ech mengen, et muss ee Letzebuergesch schreiwen a liesen ewi eng Jazz Partitur. Mat Gefill.“ Datt dat kritesch gemengt ass, fält wuel jidderengem op, och wann ech net genee verstinn, wéi et gemengt ass (mësfält dem Här d’Aart a Weis, wéi ech schreiwen? Wéi allgemeng Lëtzebuegesch geschriwwe gëtt? Et goung dem Här offensichtlech ëm méi wéi ëm dat, wat am Opruff ze liese war.
An awer e Glécksfall
No der éischter Iwweraschung huet sech bei mir lues a lues eng aner Perspektive erginn. Ech gesinn et mat e bëssen Distanz mëttlerweil als Glécksfall, dës Erfarunge gemaach ze hunn, well se mir intressant Abléck an d’Astellunge vu eenzelne Leit erlaben: Astellungen zur Lëtzebuerger Sprooch, den Emgang mat hir, Ängscht ëm hir Zukunft asw. Et schéngt och, wéi wann eng Rei Leit kee Vertrauen an déi nei Universitéit hätten resp. eng wëssenschaftlech Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen allgemeng éischter suspekt fannen.
Datt ech allgemenge Frust iwwer déi sproochlech Entwécklung zu Lëtzebuerg (resp. d’Perspektive heirop) an offensichtlech (existentiell) Ängscht ëm d’Sprooch als „Autoritéit“ (well Fuerscher op der Uni) ofkréien, domat kann ech gutt liewen. Schued awer, datt et a ville Fäll am Fong bal net méi ëm mäin Opruff gaangen ass. Et schéngt mer, wéi wa verschiddenst Ängscht an emotional opgelueden Astellungen einfach un de Mann/Fuerscher bruecht wollte ginn. Wat sech dovunner versprach gëtt, kann ech net soen.
Sproochastellungen als Fuerschungsobjet
Am Ausdrock vun esou Meenungen, awer och am Eeschthuele vun hinnen, läit awer och eng grouss Chance. Ech sinn der Meenung, datt d’Erfuerschung grad vun den Astellungen zu de Sproochen – „language attitudes“, e Fuerschungszweig, dee besonnesch am angelsächsesche Raum zimlech grouss ass – zu Lëtzebuerg ganz interessant Resultater versprécht an den Discoursë ronderëm déi lëtzebuergesch Sprooch nei a konstruktiv Impulser setze kéint.
Virun allem dann, wann ee ganz bewosst a geziilt och déi kritesch Stëmmen, d’Ängscht an déi ënnerscheedlech Siichtweise vun der Bevëlkerung berücksichtegt.[vi] Och a vläit grad an dësem Beräich kéint déi wëssenschaftlech Beschäftegung dermat, an dat soen ech op dëser Plaz net fir d’éischt, menger Usiicht no deenen emotional opgeluedenen Discoursen eng gutt Partie vun hirer Sprengkraaft huelen.
Ech selwer bleiwe fir de Moment bei der Aussprooch. Ob meng Dokteraarbecht schlussendlech eng „komisch“ ginn ass (oder als dat ugesi gëtt), wäert een dann an zwee Joer gesinn…
François Conrad
[i] Natierlech wieren och aner Regiounen (Osten, Norden, Westen) spannend gewierscht, mee méi wéi zwou Regioune ware quantitativ an zäitlech net ze maachen.
[ii] De Fait, datt bal all d’Print- an Online-Medien den Opruff bruecht hunn, weist datt déi Lëtzebuergesch Sprooch sech „gutt verkafe“ léisst, an der Gesellschaft op groussen Intressi stéisst an en héije Stellewäert huet.
[iii] Donieft goufen et awer och eng Partie Messagen, bei deenen ech mech froen, ob d’Persounen den Opruff iwwerhaapt richteg gelies hunn, ewéi an dësem Beispill: „Moien, ech si bestued ,45 Jor , Mamm vun 2 Teenager a schaffen mi-temps als Infirmière an enger Clinique./Bescht Gréiss :-)“
[iv] D’Orthographie an d‘Typologie loossen ech bei den Beispiller onverännert. Opfälleg war, datt déi meescht méi kritesch Mailen zimlech direkt am Ufank koumen. Virun allem d’Säiten rtl.lu a wort.lu haten den Opruff direkt e puer Minutten bruecht, nodeems de Communiqué geschéckt gi war. Et schéngt, wéi wann et de Leit méi einfach fält, hir (kritesch) Meenung méi oder wéineger ongefiltert ze äusseren, wa sich sech souwisou am Internet beweegen, wéi wann si d’éischt bewosst de Computer starte mussen, nodeems si den Opruff z.B. an der Zeitung gelies hunn.
[v] „Ech soen Iech Merci fir d’Informatioun/wann daat esou um site vun RTL ewou ech Äeren Opruff gelies hun, just aus methodologesche Grënn formulëiert gi wier, hätt ech jo och net bräichten mech ze manifestëieren./Also, näischt fir ongudd,an ech wënschen Iech vill Erfolleg an Äerer flotter Aarbecht.“
[vi] Intressant wier nieft qualitativen Interviewe mat Leit aus verschiddene Bevëlkerungsschichten z.B. d’Analys vu Lieserbréiwer an den Zeitungen a vu Kommentarer am Internet zu Sprooch(en)themen.